top of page
Leeres Klassenzimmer

Ganz einfach Member ginn, dat ass elo méiglech!

12/01/25 11:00

Dir kënnt elo ganz séier an onkomplizéiert Member gi bei der OEE. De Formulaire fannt der op der Säit "Member ginn"

Mir si frou Iech elo eise Formulaire zur Verfügung ze stelle fir Member ze gi bei der OEE. Fir Member ze gi braucht der just de Formulaire erof ze lueden, dësen auszefëllen an d'Zomm fir d'Memberskaart z'iwwerweisen an den ausgefëllt Formulaire via E-Mail un eis zeréck ze schécken. De Montant fir Member ze gi läit bei 75€, wouvun 25€ si fir bei der OEE Member ze ginn, a 50€ sinn dofir do fir der CGFP bäizetrieden. MIr freeën eis Iech ganz geschwënn hei bei der OEE begréissen ze dierfen an esou zesumme déi  nächst Schrëtter unzegoen an sech fir all d'Chargées de cours am Land anzesetzen. Dobäi ass et ganz egal ob Dir Chargées de cours am Fondamental sidd oder am Secondaire. 


Klickt einfach op dëse Link fir weider bei eise Member-Formulaire ze kommen:

https://www.oee-luxembourg.com/memberginn

bottom of page