top of page
Leeres Klassenzimmer

Entrevue mam Minister vun der Fonction publique

03/03/26 15:00

OEE am Dialog mam Minister vun der Fonction publique

D’OEE/CGFP hat viru Kuerzem eng Entrevue mam Här Serge WILMES, Minister vun der Fonction Publique. Am Kader vum Accord Salarial vum 29. Januar 2025 sollt all Ënnerorganisatioun vun der CGFP eng Entrevue mam Minister hunn. Mir haten eng ganz konstruktiv Reunioun, dat virun allem, well mir gespuert hunn, dass esouwuel den Här Minister, wéi och seng Mataarbechter, eis intensiv nogelauschtert hunn. Si hunn ëmmer erëm Réckfroen gestallt. Dëst besonnesch, wou et ëm d’Thema vun den Dechargestonnen fir d’Chargéeën am Fondamental gaangen ass.

Esouwuel wat d‘Situatioun vun de Chargéeën déi als RP schaffen ubelaangt, wéi och d’Konditiounen vun der Reaffektatioun vun eis Chargéeën, hunn de Minister a seng Mataarbechter interesséiert. Et huet ee gemierkt, dass si sech net bewosst waren, wat et heescht, Chargé am Fondamental ze sinn.

Et war eng ganz wichteg Reunioun, wou mir eis immens eescht geholl a respektéiert gespuert hunn.

Esou Versammlungen si wichteg, well nëmmen an direkte Gespréicher kann ee seng Situatioun op de Punkt bréngen a Verbesserungen erreechen!

D’OEE/CGFP steet ganz kloer fir Sécherheet – Transparenz a Gerechtegkeet fir all seng Memberen.

bottom of page