
Communiqué zum Fonctionnarisatiounsaccord vun de Chargéeën am Enseignement secondaire
07/06/26 10:00
Eise Communiqué zum Fonctionnarisatiounsaccord

D’OEE/CGFP huet de 5. Juni 2026 zesumme mam Minister Claude MEISCH an der
FEDUSE een Accord iwwert d’Modalitéite vun der Fonctionnarisatioun an d’Opwäertung
vum Certificat pédagogique vun de Chargéeën am Enseignement secondaire
ënnerschriwwen.
Dësen Accord baut op den Accord salarial vum 29. Januar 2025 op, deen d’Méiglechkeet
virgesäit, sech schonn no 10 amplaz eréicht no 15 Déngschtjoren fonctionnariséiere ze
loossen.
Fir d’ OEE/CGFP war et wichteg, datt d’Qualitéit vum Enseignement och an Zukunft am
Mëttelpunkt steet. Dësen Accord gesäit keng automatesch Fonctionnarisatioun vir.
Gläichzäiteg gëtt d’Bewäertung, am Kader vun der Fonctionnarisatioun, ugepasst,
andeems méi Wäert op d’Virbereedung vun de Coursen, op déi pedagogesch Reflexioun,
d’Dokumentatioun an d’Analyse vun der eegener Praxis geluecht gëtt.
D’Observatioun vun enger Schoulstonn bleift Bestanddeel vun der Prozedur, soll awer
net méi eleng am Mëttelpunkt stoen. Den Accord leet grousse Wäert drop, datt
d’Gesamtkompetenze vum Kandidat méi ëmfaassend evaluéiert ginn.
Weider gëtt de Certificat pédagogique opgewäert an den Examen-Concours soll an
Zukunft direkt an de Parcours vun de Chargéeën integréiert ginn. Domat soll souwuel
d’Qualitéit vum Enseignement wéi och d’Attraktivitéit vum Fonctionnairesstatut
gestäerkt ginn.
Mat dësem Accord huet d’ OEE/CGFP sech dofir agesat, eng Léisung ze ënnerstëtzen,
déi eng fair Fonctionnarisatioun erméiglecht an dobäi gläichzäiteg eng héich Qualitéit am
Enseignement Secondaire garantéiert.