top of page
Leeres Klassenzimmer

Communiqué zum Gehälteraccord

31/01/25 11:00

Hei fannt dir eis Positioun zum neie Gehälteraccord vun der Fonction publique.


Communiqué vun der OEE


Verbesserungen duerch d’Gehälterofkommes vun der CGFP


Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Eisen Daachverband, d’CGFP, huet gëschter e Gehälterofkommes, no gudde Verhandlungen mat der Regierung, mam Minister vun der Fonction Publique, ënnerschriwwen. Ee gudden Accord, dee vill Verbesserungen fir d’Employés de l’État mat sech bréngt. Ee Gehälteraccord, dee mir, als OEE/CGFP, voll a ganz matgedroen hunn.

Vill Punkten an deem Accord bréngen positiv Entwécklungen fir d’Chargés de Cours a bedeiten e wichtege Schratt no vir. D’OEE begréisst dës Fortschrëtter. Doduerch gëtt d’Situatioun vun de Chargés de Cours verbessert an esou kënnen alld’Chargéeën am Enseignement, esou wuel am Fondamental ewéi och am Secondaire vun dësen Neierungen profitéieren.

Dëse Succès weist kloer: Keen Wee féiert an Zukunft laanscht d’CGFP an d’OEE, wann et ëm d’Rechter an d’Verbesserunge fir d’Chargés de Cours geet.

Mir bleiwe weiderhin engagéiert a sëtzen eis, fir d’Unerkennung vun eise Memberen an.

OEE – Organisation des Employés de l’Enseignement
📧 oee@education.lu
🌐 www.oee-luxembourg.com

bottom of page